Nächsten Donneschdeg, fänkt de fréiere Futtball-Profi Manuel Cardoni un, haaptberufflech bei der Lëtzebuerger Fussballfederatioun ze schaffen. Nieft sengen aktuellen Aufgaben als U-21 an U-19 Nationaltrainer, soll de Maan sech ëm de Lien mat de Jugendnationalspiller, déi am Ausland sinn, an d’Footballschoul zu Monnerech këmmeren.
Genuch Sujeten iwwert déi mer tëscht hallwer zwou an zwou mam Manuel Cardoni am Radio Sport Club schwätze kënnen.