D’Chantal Gary ass bei déi gréng, Geografin an hat 5 Knéioperatiounen. Dat huet si awer net dovun ofgehale weider Sport ze maachen. Et ass den Éiergäiz, dee si undreift ëmmer weiderzemaachen. Déi zweet Invitée, d’Sandra Biewers, Tattoo Artistin, huet mat der Zäit geléiert net alles mussen ëffentlech ze maachen. A bezeechent sech selwer als dämlechen Optimist. An da gëtt et och nach eng Première: De Luc Spada huet déi éischte Kéier Technik fir Fiasko Fest gemaach. Guer net esou einfach.