An dëser Episod dauche mir an déi donkel Momenter vum Liewen an. De Luc Spada schwätzt mam Patrick Miranda (Pleasing) an Andy Genen iwwer d'Dualitéit vum Liewen. Wéi et sech ufillt tëschent Depressioun a Freed, wéi et ass, wann een net méi aus dem Bett kënnt a wat et heescht, wann en déi eege Passioun zwar iwwert alles gär huet, mee och zu engem Bandscheiwevirfall féiere kann. Mir schwätzen iwwert d'Liewensleef vu Leit, déi et net ëmmer einfach hunn, mee trotzdeem sécher sinn: Et lount sech.