Fiasko Fest mam Laurent Prim ass warscheinlech eng vun den emotionaalste Sendunge fir de Luc Spada, zanterdeem hien iwwert all déi Momenter, déi net sou gutt lafen, um Radio 100,7 schwätzt . Et ass schwéier eppes ze beschreiwen, wat ee vergiesse well, obwuel et geschitt ass. Et muss een also leiere matt eppes ëmgoen, wat een net well, dass et geschitt ass. Mee och wann een et vergiess huet, heescht dat eben net, dass et ni geschitt ass. Den Ëmgang domadder, ouni sech elo engem Label zouuerdnen ze loossen, dat ass dat, ëm wat et geet. D’Muecht iwwert sech zeréck gewannen. An villäicht ass dat och genau de Grond, wisou et des Sendung gëtt.