D’Schauspillerin a Comedian Frédérique Colling huet net onbedéngt d’Gefill, datt si ëmmer dee beschten Timing huet. Vill Entscheedungen hätten och méi fréi getraff kënne ginn. Da misst een och net schwaach falen, wann eng Fra ee kësst. Mee wéi mir dacks an der Sendung Fiasko Fest vum Luc Spada léieren: Esou einfach ass et eben oft net. Och net op der Spillplaz, wuertwiertlech. Wou Leit einfach net verstoe kënnen, wéi dat dann ass, wann do ee Kand ass an zwou Fraen. Hei brauch et Gedold, mat sech, mat deenen aneren an am Liewen allgemeng.