FJD presents: Business Bistro

S3#5 - Alexa Ballmann


Listen Later

FJD Business Bistrot - Zesummen mam Alexa Ballmann

Alexa Ballmann

Vum Manzilian bis zum Mindestloun – d’Kinnigin vun der Schéinheet zu Lëtzebuerg bei eis um Dësch.

Dir wollt schonn ëmmer wëssen, wat e Manzilian ass? Oder éischter, wéi et der Schéinheetsindustrie zu Lëtzebuerg wierklech geet? 

An dëser Episod vum FJD Business Bistro hu mir keen anere wéi d’Alexa Ballmann als Gaascht. Mir schwätze mat hir iwwer hire Wee an d’Selbststännegkeet, wéi ee vum “Garçon manqué” zur Cheffin vun zwee Schéinheetsinstituter gëtt, a firwat Entreprenariat heiansdo manner Glamour an éischter méi Excel ass - trotz gëllenen Tapéiten.

Natierlech kucke mir och op hir vill aner Engagementer, op Visibilitéit, Kritik, an ob eng gewësse Expositioun engem Business hëlleft… oder éischter net. An jo: de Mindestloun kënnt och kuerz op den Dësch – well och an der Beauté-Welt ginn d'Käschten an d'Rechnungen net mat Hyaluron Crème bezuelt. 

Am Ufanks Catch-up geet et dann ëm déi neiste Schéinheets-Trends. Vun Sephora Kids iwwer Baby Botox bis bei dat Thema, dat dem Georges einfach net mei aus dem Kapp geet: Manzilians. An wann dir och nach wësse wëllt wéi een Déier eis allen 3 am beschte beschreift da llauschtert eran – et gëtt wéi ëmmer: éierlech, witzeg an interessant.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

FJD presents: Business BistroBy Moskito / FJD


More shows like FJD presents: Business Bistro

View all
RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners