FJD Business Bistrot - Zesummen mam Catherine Wurth
Déi lescht Episode vun der Saison 2 fir den FJD Business Bistrot Podcast. Eng lescht Episode am Kader vum Thema “Navigating Extremes”. Des Kéier geet et em Extreme Job Changes zesumme mam Catherine Wurth. D’Catherine huet virun engem Joer decidéiert seng Karriär als Head of Sustainability an enger grousser Finanzinstitutioun opzeginn an an ee komplett aneren Domaine ze wiesselen – dee vun der Economie Sociale. Hatt ass haut Directrice Adjointe vu Co-Labor. Wat Co-Labor ass, wei säin Alldag changéiert huet, firwat hatt wollt eppes ganz Neies maachen, wat seng Kanner dovun haale a wat Stol mat deem ganzen ze dinn huet, dat gitt dir an dëser Folleg gewuer.
Am Intro schwätzen de Georges an d’Carole iwwer d’Jobcalypse, den Impakt vun AI ob den Aarbechtsmarché, dem Georges säin neie Meeting Outil an natierlech geet et och em den Trounwiessel an d’Monarchie souwéi dorëm dass 2 vun de 4 Chambellane Membere vun der FJD sinn.
Lauschtert eran a mir freeën eis iech an der Saison 3 rëmzefannen.
D’Summerpaus ass eriwwer a mir sinn zeréck. Des Kéier mam “archétype du multi-entrepreneur” – dem Claude Wagner.
Ir et bei de Claude geet, geet et beim Georges a Carole iwwert all méiglech Sujet - vum Axl Rose iwwert Sportswear bbis zu Cargo Bikes an der Staat a an de Gemenge.
Dono schwätzen si mam Claude iwwert seng Escher Hierkonft, seng vill Betriber, säi Wee dohinner, d’Challenge a wei een et mécht fir iwwer 1100 Léit ze managen an trotzdeem nach bal all Mënsch mam Numm ze kennen. Mir schwätzen awer och iwwert dem Claude seng Passioun fir Ultratrails a wéini hien nach Zäit fënnt fir ze trainéieren. Ee sympatheschen an immens inspiréierende Business Talk deen een net verpasse soll.
Als kleng Recommandatioun gëtt de Georges iech des Kéier dëst Buch mat ob de Wee:
https://www.ernster.com/en/detail/ISBN-9782073061195/Chapoutot-Johann/Les-irresponsables---Qui-a-porté-Hitler-au-pouvoir-?bpmctrl=bpmrownr.1%7Cforeign.276570-1-0-0