An dëser Episod vum FJD Business Bistro hu mir déi grouss Chance d’Grande Dame oder wéi si sech och mol selwer genannt huet, den Dinosaurier vun der Lëtzebuerger Télé zu Gaascht – d’Caroline Mart. An dat ob hirem éischte richtegen Dag vun hirer wuelverdéngter Pensioun. Een interessant Gespréich iwwer hir Ufäng an engem absolut Männerdominéierte Secteur, doriwwer firwat d’Politik fir si ni ee Reiz hat, wéi d’Zukunft vun de Medien a Journalismus ass an awer och wat hir Zukunftspleng sinn – an där huet si der nach vill. Roueg wäert et definitiv net ginn.
D’Carole an de Georges ënnerhalen sech am Ufanks Catch-up iwwer d’Medie Welt, d’Aide à la presse déi zu Lëtzebuerg ausbezuelt gëtt a ginn och liicht nostalgesch wann si un hir Jugend respektiv Kandheets Erfarunge mat Schülerzeitungen zeréckdenken.
https://www.ernster.com/fr/detail/ISBN-9780063258020/Andersen-Jens/The-LEGO-Story?bpmctrl=bpmrownr.3%7Cforeign.276570-1-0-0
https://open.spotify.com/show/6YMJMAh8zJcCwHwe5kSmjT?si=8cf52e0650a143e0