Haut ass de 17. Mäerz, St. Patrick’s Day, den ireschen Nationalfeierdag. Dat wäert een haut iwwerall mierken, wou Iren oder Leit mat iresche Wuerzele liewen. Also op ganz ville Plazen uechter d’Welt. An iwwerall do, wou et iresch Pubs (also Wiertschaften) ginn. Also op nach méi Plazen uechter d’Welt. Mee wéi gëtt Saint Patrick’s Day an Irland gefeiert? Ënner anerem dat erkläert den Dermot Murphy vum Irish Club Lëtzebuerg.