Bei de Projete fir d’Jugendstrofrecht, de Jugendschutz an den Affer- an Zeieschutz huet d’Zilsetzung sech duerch déi rezent Regierungsamendementer net grondsätzlech geännert: dat seet déi fréier Justizministerin an aktuell gréng Deputéiert Sam Tanson am 100,7-Interview.
Déi aktuell Justizministerin Elisabeth Margue (CSV) an de Minister fir Kanner a Jugend Claude Meisch (DP) hate jo déi virlescht Woch hir Amendementer zu dësen dräi Projete presentéiert.