E puer Wierder iwwer Wierder

Schocki


Listen Later

Dës Kéier geet et ëm e Gedrénks, wat vill Kanner an och Erwuessener gären drénken: De Schocki. Mir schwätzen iwwer den Ursprong vum Wuert a wéi et vu Mëttelamerika an Europa a schliisslech am Lëtzebuergesche gelant ass.
S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis bei Wiwi "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon! Wéi versprach gi mer lo och op Wierder an, déi d'Fans vu Wiwi eis eraschécken, an hei krut ech eng Noriicht vun engem treien Nolauschterer, dass hie grad Lëtzebuergesch léiert an immens frou ass, dass et Wiwi gëtt, an do si mir natierlech och frou!
S: Absolut!
C: Bei deem Här ass et drëm gaangen, dass säi Liblingswuert Schocki ass. Sou, wat ass Schocki fir dech?
S: ____
C: Genee, also Schocki ass am Fong d'Gedrénks an wa mer lo Schockela hunn, da géife mer lo net soen, gëff mer de Schocki.
S: Ausser vläit an der Schwäiz.
C: Haha, jo. Eise Schocki ass ëmmer d'Gedrénks op Kakaobasis an haut kucke mer eis e bëssen un, wou dat Wuert Schocki eigentlech hierkënnt an och wou de Schockela als Wuert hierkënnt .
S: A wéi waren déi verschidden Etappe, bis dat Wuert esou ausgesinn huet, wéi et haut ausgesäit?
C: Säin Ursprong huet dat Wuert am Azteekeschen, méi genee an enger Sprooch, déi Nahuatl heescht. An am Nahuatl gëtt et dat Wuert chokolatl.
S: A wat heescht dat?
C: Bei Chokolatl ass net ganz kloer, wat et bedeit. Ech hat a verschiddenen etymologeschen Dictionnaire gekuckt an et ass, wéi am Franséisch steet, “difficilement analysable”. Dat eenzegt, wat ee weess, ass, dass dee leschten Deel -atl Waasser bedeit. A ganz interessant ass, dass d'Schocolatl am Fong och e Gedrénks war. Dat heescht, wéi mir de Schockela kennen, dat war fir d'éischt e Gedrénks an duerno eréischt déi fest Séissegkeet als Tablett Schockela.
S: Also gouf et de Schocki virum Schockela?
C: Vum kulinaresche Konzept aus jo. Also d'Iddi war am Fong, fir e Gedrénks ze hunn, wat iergendwéi flësseg ass a wou Kakao an Zocker dran ass. An dat huet sech du verbreet, well d'Leit deemools scho gemierkt hunn, dass dat einfach immens gutt schmaacht. An am 16. a 17. Joerhonnert ass dat dann an Europa eriwwer komm.
S: A wéi gouf et genannt?
C: Och eppes wéi “Chocelatl”. Wéi se et geschwat hunn, kann ech leider net soen, well mer keng Audioopnamen hunn aus dem 16. a 17. Joerhonnert. Am 18. Jh. hues och am Däitschen nach verschidde Schreifweisen Schokolate, Choco-, Schokolade, awer déi lescht ass elo d’Standardform.
Et gesäit een awer, dass et am Franséischen, Däitschen, Engleschen oder Lëtzebuergesche relativ änlech kléngt. Well déi Wierder gläiche sech jo am Fong. Mir hunn Schokolade, mir hunn Chocolate, chocolat a mir hunn och Schockela. An sou wéi d'Lëtzebuergesch Wuert Schockela sech presentéiert, ass et héchstwarscheinlech aus dem Franséischen, well mer do jo och hannen kee Konsonant méi héieren.
S: Also gouf aus ‘chocolat’ de Schockela?
C: An am Lëtzebuergeschen hu mer nach e Phenomeen, dat heescht Niewesilbenofschwächung. Dat heescht, mir soen net Schockola mat O, mee mir soen Schockela. Déi éischt Silb ass sou betount, dass déi niewendrunner manner kräfteg gëtt. An déi gëtt da vum O zum E zu enger Reduktiounssilb.
S: A wéi schreift een dat Lëtzebuergescht?
C: Et ass eent vun de Wierder, wat eng lëtzebuergesch Schreifweis kritt. Also Schockela schreiwe mer dann S-C-H-O-C-K-E-L-A. An dann nach bei d'Gedrénks Schocki. De Schocki ass eng Kuerzform op -i vum Schockela, scho bal verniidlecht. An dass Schockela ursprénglech e Gedrénks war, a mir mat Schocki nees e Gedrénks benennen, ass jo och eng schéi Geschicht!
Et ass zwar net méi ganz kal dobaussen, mee iergendwéi hunn ech elo mega Loscht op e gudde Schocki, du och?
S: ______
Mir soen der op alle Fall merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs.
C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

E puer Wierder iwwer WierderBy radio 100,7