Wäiss, wollen Déier am Wäibierg? Jo, Dir gesitt richteg. Laanscht d’Musel ginn ëmmer méi Schof als natierlech Alternativ zu Maschinnen an Herbizid agesat. Op knapp 15 Hektar Wéngerten uechter d’Museldall grasen d’Déieren. Dat Ganzt ass Deel vun engem Fërderprogramm, deen de SIAS zesumme mat der Regierung ausgeschafft huet. Och an de Wéngerte vum Domaine Aly Duhr zu Ohn sinn eng 40 Schof am Asaz a këmmere sech ëm d’Onkraut.