An dëser Episod hu mir e spezielle Gaascht: Daniel Migliosi, e jonke lëtzebuergesche Jazz-Trompettist, deen net nëmme fir seng Aarbecht am Jazz bekannt ass, mee och hannert de Kulisse vu Rap-Produktionen aktiv war. Mir schwätzen iwwer seng musikalesch Rees, seng Aflëss a wéi hien d’Grenze tëscht Jazz a Rap gesäit. Leider geet dës Folleg nëmmen 25 Minutten, wéinst technesche Problemer – mee se ass definitiv derwäert!
-