Haut de Mëtteg gëtt et bei den Olympesche Wanterspiller eng Première. Fir déi alleréischte Kéier gi Medailen am Ski Mountaineering verdeelt. Dës relativ nei Sportaart huet sech an den 80er Joren esou richteg entwéckelt. 2002 gouf et déi éischte Kéier eng Weltmeeschterschaft. An zënter dëser Editioun ass Skimo - wéi d’Sportaart nach genannt gëtt - olympesch. E puer Erklärungen zu dëser spezieller Sportaart