Eng gutt 30 Leit haten sech virun der US-Ambassade um Lampertsbierg an der Staat zesumme fonnt, fir hir Solidaritéit mat de Mënschen am US-Bundesstaat Minnesota auszedrécken. Zwou Persoune waren hei rezent vun der amerikanescher Immigratiounspolice ICE erschoss ginn. D‘Situatioun am den USA spëtzt sech weider zou.