Klassik Aktuell

Songyeon Im op der éischter Plaz


Listen Later

Zu Diddeleng war dëst Joer tëschent dem 7. an 12. September fir déi mëttlerweil zéngten Editioun deen Internationalen Diddelenger Uergelconcours.
Dëst Joer hate sech fir d’Jubiläumseditioun 37 jonk Participanten aus 12 verschiddene Länner ageschriwwen. Alleguer ënner 35 Joer al. An hei gouf et souwuel wat den 1. Präis, wéi och de Publikumspräis ugeet, eng Victoire vun der jonker Musikerin Songyeon Im. Si ass eng südkoreanesch Organistin, déi den Ament a Frankräich lieft a rezent zu Paräis hire Master an der Uergel ofgeschloss huet.
Erausgesicht gouf d’Songyeon Im als Gewënnerin vum Concours vun engem Jury, dee sech aus nationalen an och international renomméierten Organisten zesummesetzt.
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Klassik AktuellBy radio 100,7