De Bundeskanzler Olaf Scholz konnt dat net widderhuelen, wat hien 2021 fäerdeg bruecht huet. Demools hat hien et gepackt, am Walkampf par rapport zu de Sondagë kräfteg zouzeleeë fir um Enn d’CDU/CSU knapps ze iwwerhuelen. Elo awer kënnt d’SPD mat 16,5 Prozent op hiert bis elo schlechste Resultat iwwerhaapt. Wéi hunn d’Sozialdemokraten dat verkraft? D’Danièle Weber war fir eis um Walowend an der Parteizentral, am Willy Brandt Haus zu Berlin, wou nu wierklech keng Feierstëmmung opkoum.