Wa jonk Dokteren amgaange sinn hir Spezialisatioun ze maachen, da schaffe se schonn - entweder an engem privaten oder an engem ëffentleche Spidol oder an enger Dokteschpraxis. Aarbechtsrechtlech ausgedréckt bedeit dat: si sinn ënner ganz ënnerschiddleche Statuten agestallt. Dat soll elo änneren.