Am nationalen Dëschtennis-Championnat steet de Sonndeg déi zweet an domat decisiv Finall an der Best-of-2-Serie um Programm. Den DT Berbuerg huet eng éischt geckeg Finall doheem géint den amtéierende Champion Hueschtert-Folscht iwwerraschend mat 6:3 fir sech entscheet. An eisem Magazin Spin kuckt de Yannick Zuidberg nach eemol op dee Match zeréck.