Sign up to save your podcastsEmail addressPasswordRegisterOrContinue with GoogleAlready have an account? Log in here.
FAQs about RTL - Spin:How many episodes does RTL - Spin have?The podcast currently has 23 episodes available.
June 13, 2024Spin, den Dëschtennis-Magazin, 13/06/2024An 43 Deeg ginn zu Paräis d’olympesch Spiller un. Bis ewell si sécher 6 Sportler mat dobäi an och d’Lëtzebuerger Dëschtennisfederatioun hofft nach, deen een oder aner Athlet dohi shécken ze kënnen. An eisem Magazin "Spin" huet de Yannick Zuidberg mam Directeur sportif vun der FLTT Heinz Thews genau doriwwer geschwat....more3minPlay
May 09, 2024Spin, den Dëschtennis-Magazin, 09/05/2024Am nationalen Dëschtennis-Championnat steet de Sonndeg déi zweet an domat decisiv Finall an der Best-of-2-Serie um Programm. Den DT Berbuerg huet eng éischt geckeg Finall doheem géint den amtéierende Champion Hueschtert-Folscht iwwerraschend mat 6:3 fir sech entscheet. An eisem Magazin Spin kuckt de Yannick Zuidberg nach eemol op dee Match zeréck....more3minPlay
April 11, 2024Spin, den Dëschtennis-Magazin, 11/04/2024An der Arena vun der Coque organiséiert d’FLTT vum 17. bis den 20. Abrëll e groussen internationale Jugendtournoi. Vun U11 bis U19 wäerte Jugendspiller aus 35 Natioune géinteneen untrieden. Am Viraus vun dësem groussen Evenement huet de Yannick Zuidberg an eisem Magazin «Spin» mam Camille Gonderinger geschwat, dee sech ëm d’Organisatioun këmmert....more3minPlay
March 14, 2024Spin, den Dëschtennis-Magazin, 14/03/2024Am Dëschtennis steet de Weekend vum 23. a 24. Mäerz den nationale Championnat am Eenzel um Programm. Nieft dem Ekippechampionnat ass et de gréisste Rendez-vous op nationalem Plang. An eisem Magazin Spin huet de Yannick Zuidberg zesumme mat der Titelverdeedegerin Tessy Gonderinger op dëst Evenement no vir gekuckt....more3minPlay
February 08, 2024Spin, den Dëschtennis-Magazin, 08/02/2024De Weekend gouf am Gymnase vun der Coque d’Coupefinall am nationalen Dëschtennis gespillt. Bei den Hären ass et dem zweefache Champion Hueschtert-Folscht gelongen, dësen Titel eng éischte Kéier an der Veräinsgeschicht ze gewannen. An eisem Magazin «Spin» kuckt de Yannick Zuidberg zeréck op dëse Match....more3minPlay
December 14, 2023Spin, den Dëschtennis-Magazin, 14/12/2023De Samschdeg ginn am nationalen Dëschtennis zu Miersch um Krounebierg d’Véierelsfinalle vun der Coupe gespillt. An eisem Dëschtennis-Magazin Spin huet de Yannick Zuidberg mam siwefache Coupe-Gewënner Gilles Michely iwwer d’Favoritte an d’Chancë vu sengem eegene Club geschwat....more3minPlay
November 09, 2023Spin, den Dëschtennis-Magazin, 09/11/2023No gutt 3 Woche Paus geet de Weekend den nationalen Dëschtennis-Championnat weider. Um 6. Spilldag kënnt et do zur Neioplo vun der Halleffinall vum leschte Joer. Recken kritt nämlech um 6. Spilldag vun der Audi League Besuch vum Champion Hueschtert-Folscht. An eisem Dëschtennismagazin Spin huet de Yannick Zuidberg mat Vertrieder vu béide Veräiner geschwat....more3minPlay
October 12, 2023Spin, den Dëschtennis-Magazin, 12/10/2023Am nationalen Dëschtennis sinn aktuell 3 Spilldeeg gespillt an den amtéierende Champion Hueschtert-Folscht steet no 3 Victoiren aus 3 Matcher op der éischter Tabelleplaz. Ma direkt hannendrun an och nach ongeschloen ass den DT Berbuerg. Donieft huet och den Opsteiger Lëntgen e gudde Start an d’Saison erwëscht. An eisem Dëschtennismagazin Spin verschaaft Iech de Yannick Zuidberg en Iwwerbléck iwwer d’Audi League....more3minPlay
May 05, 2022Spin, den Dëschtennis-Magazin, 05/05/2022 17:50Leschte Sonndeg gouf am nationalen Dëschtennis-Championnat déi éischt Finall tëscht Hueschtert-Folscht a Lénger gespillt. Den ongeschloenen Tabelleleader Hueschtert-Folscht konnt hei dann och an der Best-of-3-Serie mat 1:0 a Féierung goen a kënnt dem éischten Titel an der Veräinsgeschicht domat ee gutt Stéck méi no, Yannick Zuidberg....more3minPlay
April 07, 2022Spin, den Dëschtennis-Magazin, 07/04/2022 17:50Am Spin gi mir dës Woch op d’Halleffinalle vum Championnat an, déi jo am Best-of-3-Modus gespillt ginn. Hei konnt Hueschtert-Folscht sech mat 5:3 géint Rued behaapten a Lénger huet mat 5:4 géint Éiter-Waldbriedemes gewonnen. De Yannick Zuidberg huet an deem Kontext dann och mat de verschiddene Veräiner geschwat....more3minPlay
FAQs about RTL - Spin:How many episodes does RTL - Spin have?The podcast currently has 23 episodes available.