De Samschdeg ginn am nationalen Dëschtennis zu Miersch um Krounebierg d’Véierelsfinalle vun der Coupe gespillt. An eisem Dëschtennis-Magazin Spin huet de Yannick Zuidberg mam siwefache Coupe-Gewënner Gilles Michely iwwer d’Favoritte an d’Chancë vu sengem eegene Club geschwat.