RTL - Spin

RTL - Spin

By RTL Radio LëtzebuergSports
Download on the App Store

RTL - Spin episodes

  • Spin, den Dëschtennis-Magazin, 03/03/2022 17:50
    An eisem Magazin geet et haut ëm de Luka Mladenovic. Den 23 Joer jonken Dëschtennisspiller huet 2017 nämlech de Schratt an d’Ausland gewot a spillt zanterhier fir den 1. FSV Mainz 05. De Yannick Zuidberg huet sech mam zweefache Landesmeeschter, deen ee méiglecherweis gläich an der 1. Bundesliga ka gesinn, ënnerhalen.
    3 min
  • Spin, den Dëschtennis-Magazin, 03/02/2022 17:50
    Samschdes den 12. Februar ass an der Coque de Cup-Finaly-Day am nationalen Dëschtennis. Nieft den Titelen an de Jugendkompetitiounen ass och d’Finall vun der Coupe de Luxembourg tëscht Hueschtert-Folscht an dem DT Rued. De Yannick Zuidberg huet am Viraus mat Verantwortleche vu béide Veräiner geschwat.
    3 min
  • Spin, den Dëschtennis-Magazin, 06/01/2022 17:50
    An eiser Emissioun "Spin – Den Dëschtennismagazin" presentéiere mir Iech haut e Portrait vun der Lëtzebuerger Nummer 1. Den Eric Glod steet aktuell op der 213. Plaz an der Weltranglëscht a spillt an der héchster schwedescher Liga. De Yannick Zuidberg huet am Virfeld mam Sportzaldot geschwat a geet mat him op seng aktuell sportlech Situatioun a seng Ziler an.
    4 min
  • Spin, den Dëschtennis-Magazin, 09/12/2021 17:50
    Vum 23. bis den 29. November war zu Houston an den USA d’Weltmeeschterschaft am Dëschtennis. Mat dobäi waren och zwou Lëtzebuergerinnen, déi an den USA ee risegen Exploit realiséiert hunn. D’Ni Xia Lian an d’Sarah de Nutte hunn am Dammen-Dubbel nämlech Bronze gewonnen. Eng Medail, mat där keen esou richteg gerechent hat. Mat dësem Exploit huet sech d’Lynn Kayser dann och an eisem Dëschtennis-Magazin befaasst.
    0 min
  • Spin: De Magazin vun der Dëschtennis-Federatioun, 11/06/2020 18:15
    An eisem Magazin "Spin" iwwer Dëschtennis kucke mir haut op d‘Iwwerraschungsekipp vun der Saison. Wéi si d‘Saison erlieft hunn, wéi si mam Coronavirus ëmgaange sinn a wéi et an Zukunft weidergoe soll. Dofir huet de Yannick Zuidberg am Virfeld mam Francis Schmit, dem President vum DT Berbuerg, geschwat.
    0 min
  • Spin: De Magazin vun der Dëschtennis-Federatioun, 09/04/2020 18:15
    An eisem Magazin Spin iwwer Dëschtennis maache mir eis haut méi e geneet Bild, wéi eis zwee Championen am Eenzel sech an Zäite vum Coronavirus fit halen a wat dat Ganzt fir Repercussiounen op hiren Alldag an hir sportlech Ziler huet. An deem Kontext huet de Yannick Zuidberg am Viraus mam Sarah de Nutte a mam Luka Mladenovic geschwat.
    0 min
  • Spin: De Magazin vun der Dëschtennis-Federatioun, 13/02/2020 18:15
    An eisem Magazin Spin kucke mir haut schonns no vir op de Weekend. Do ginn an der Coque nämlech d’Landesmeeschterschaften am Dëschtennis gespillt. D’lescht Joer konnt sech bei den Hären de Christian Kill vum DT Lénger duerchsetzen, bei den Damme war op en Neits kee Kraut géint d’Sarah de Nutte gewuess. De Yannick Zuidberg huet am Virfeld mat béiden Titelverdeedeger geschwat.
    0 min
  • Spin: De Magazin vun der Dëschtennis-Federatioun, 09/01/2020 18:15
    An eisem Magazin Spin kucke mir dës Kéier no vir op d’Coupe de Luxembourg bei den Hären a bei den Dammen. Do ginn de Weekend nämlech d’Halleffinallen an d’Finalle gespillt. D’lescht Joer konnt sech bei den Hären op en Neits Diddeleng duerchsetzen a bei den Dammen den DT Rued. De Yannick Zuidberg huet am Viraus mat den Titelverdeedeger geschwat.
    0 min

About RTL - Spin

From the publisher's feed

De Magasinn vun der Lëtzebuerger Dëschtennisfederatioun