Am nationalen Dëschtennis sinn aktuell 3 Spilldeeg gespillt an den amtéierende Champion Hueschtert-Folscht steet no 3 Victoiren aus 3 Matcher op der éischter Tabelleplaz. Ma direkt hannendrun an och nach ongeschloen ass den DT Berbuerg. Donieft huet och den Opsteiger Lëntgen e gudde Start an d’Saison erwëscht. An eisem Dëschtennismagazin Spin verschaaft Iech de Yannick Zuidberg en Iwwerbléck iwwer d’Audi League.