Lëtzebuerg an eng konstant Diskussioun iwwer seng vill Sproochen - dat kann ee sech hautdesdaags guer méi anescht virstellen. Effektiv ass d‘Sproochepolitik zu engem Showmatch ginn, bei deem déi üblech Lageren hir üblech Positiounen duerchboxen. Mee eng richteg positiv Dynamik ass net ze erkennen, mengt de Schrëftsteller Samuel Hamen an engem Fräie Mikro.