Et gëtt Sträit am Escher Gemengerot - Grond ass deen neie Vëloswee duerch d’Kanalstrooss. Obwuel de Projet zwar unanime am Gemengerot ugeholl gouf, kritiséiert d’Oppositioun elo d’Ëmsetzung vum Projet fir d’Vëlospist. Virun allem d'Ewechfale vun iwwer 20 Parkplazen an der Kanalstrooss an deenen hir Kompensatioun suergt fir Konflikter tëschent den Escher Gréngen an der LSAP.