Zanter Dezember steet zu Haler/Gemeng Waldbëlleg en 42m héije 5G-Potto. E puer Bierger si géint dee Bau (aus gesondheetlechen, wirtschaftlechen an ästhetesche Grënn) a contestéieren dee virum Tribunal administratif. D'Cour administrative hat zejoert an engem änleche Fall engem Telefonsoperateur Onrecht ginn, well déi gesamt Leeschtung vun all den Operateuren um Potto u sech eng Enquête publique hätt missen no sech zéien. Dozou war et awer bei deem Projet um Briddel net komm, an et koum zu Haler och net dozou...