De Chouer vun der uni.lu organiséiert ee Concert de 6. Juli Nomëttes um 5 Auer an der Mäerteskierch zu Diddeleng. An deem Kader kollaboréiert den uni.lu Chouer mam Chouer vun der Universität des Saarlandes. Dirigent ass de musikaleschen Direkter an Dirigent vum uni.lu Chouer Thomas Gareau.
Um Programm steet Musek vu Komponisten déi aus dem “Norde” kommen. Et ass A Capella Musek an och Musek zesumme mat Orchester. D’Orchestermusek ass virun allem vu folgende Komponisten: Ola Gjeilo, Morten Lauridsen, Karl Jenkins, Johan Svendson, and Edvard Grieg.
Am Ganze wäerte bei dësem Concert méi wéi 100 Stëmme sangen, zesumme mam Orchester Con Nov’arco.
Den Entrée ass fräi, an eng Donatioun ass erwënscht.
Den Thomas Gareau verréit am Gespréich mam Marie Schockmel méi.