De Méindeg, 22. September spillen d'Solistes Européens, Luxembourg hiren Optakt-Concert vun dëser Saison an der Philharmonie. Fir dësen Optrëtt mam Titel "Symphonic Tales from the East" steet den Orchester net eleng op der Bün. Mat dobäi sinn och de Chouer vun der Maîtrise aus der Kathedral, de gemëschte Chouer aus dem Stater Conservatoire an de Lëtzebuerger Pianist Jean Muller.
Um Programm steet déi éischter seele gespillte Fantasie fir Piano, Chouer an Orchester vum Ludwig van Beethoven souwéi och Wierker vum Tschaikowski a vum Borodin.