Den däitsche Bundestag huet gëschter fir eng Reform vun der sougenannter Scholdebrems gestëmmt. Domat kéint Däitschland an Zukunft däitlech méi Scholden ophuele wéi an der Vergaangenheet. Eng Hürd muss den Investistitiounspackage awer nach huelen. E Freideg stëmmt nach de Bundesrat of.