Um Festival zu Cannes ginn et 3 Haaptkompetitiounen: Déi wichtegst ass déi wou de Gewënner-Film um Enn mat der Palme d’or ausgezeechent gëtt. Donieft lafen eng Rei méi experimentell an Independent-Filmer an der Selektioun “Un certain regard”. An et gëtt nach eng drëtt, déi sougenannt immersiv Kompetitioun, bei där och de Virtual Reality Projet "The Dollhouse" an der Course ass. Eng lëtzebuergesch-kanadesch Koproduktioun, realiséiert vun der Charlotte Bruneau an dem Dominic Desjardins.