1,6 Milliarden Euro Recetten erwaart de Finanzminister Gilles Roth sech 2026 duerch d'Tubaksaccisen. Fir hie sinn dës Recetten den Ament net ze ersetzen. Et gëtt awer och Kritik, well d'Tubakspräisser zu Lëtzebuerg am internationale Verglach nach ëmmer niddereg sinn. Och gesondheetlech Aspekter géifen ze kuerz kommen. En Iwwerbléck iwwer d'Diskussioun ëm d'Tubaksaccisen vum Pit Beffort