Um Ukrain-Sommet zu Paräis geet et haut ëm Sécherheetsgarantië falls et zu enger genereller Waffepaus am russeschen Ugrëffskrich an der Ukrain sollt kommen. Den Ament heescht et jo, Kiew a Moskau wieren averstane fir eng Waffepaus nëmmen am Schwaarze Mier. Mee firwat ass dat esou ee wichtege Verhandlungspunkt ginn? De Jimmy Bruch mat Erklärungen