Mir wiesselen haut ausnamsweis vum Bistro an de Canapé: Macht Iech et gemittlech, mir hunn eppes Neies fir Iech – de Kulturpodcast “Um Canapé mat der woxx” mat frëschem Konzept. Ee Mol am Mount schwätze woxx-Journalist*innen ënnerteneen,
0 min
About Um Canapé mat der woxx
From the publisher's feed
Ee Mol am Mount schwätze woxx-Journalist*innen ënnerteneen oder mat Gäscht iwwert Konscht a Kultur. Wat hinnen dobäi wichteg ass? Datt si sozial a politesch relevant Themen opgräifen a…
mat kulturelle Produktiounen zesummebréngen - well Konscht méi ass wéi Gekrozels an enger Rumm. Um Canapé ginn sech Stéchwierder un de Kapp geheit, Mënsche loossen et lafen a zum Schluss gëtt näischt vergiess - scho guer net Kultur-Tipps aus der aktueller woxx-Ausgab.