Zu Lëtzebuerg gëtt ëmmer méi Stroum aus erneierbaren Energië produzéiert - dat geet aus dem neiste Rapport vum Nationale Regulatiounsinstitut ILR ervir. De gréissten Undeel u gréngem Stroum kënnt nach ëmmer vun de ronn 70 Wandrieder, déi uechter d’Land stinn. D’lescht Joer ass deenen hir Leeschtung a Gigawattstonnen - de Wäert, an deem d’Stroumproduktioun ausgedréckt gëtt - allerdéngs erofgaangen. Erklärungen dozou vum Marc Kohll vum Service Statistiques et Veille des marchés vum ILR.