Level up

Until Then


Listen Later

En narratiivt Abenteuerspill, dat d’Geschicht vun engem jonken Teenager am Chaos vun enger Welt erzielt, déi vun 398 Naturkatastrophe getraff gouf. Et erlieft een den Alldag vum Mark Borja a senge Frënn an d'Freed an d'Leed vun engem typesche Schouljoer. Wärenddeem een also een typescht Teenager Liewe matverfollege kann, passéieren awer ëmmer mei geheimnisvoll Saachen. Leit verschwannen a komesch Déjà-Vue bréngen dem Mark säi Liewen aus dem Rudder.
Baséiert an der fiktiver Stad Liamson op de Philippinnen, kombinéiert „Until Then“ déi spannend Atmosphär vun enger visueller Novell mat enger faszinéierender Geschicht, déi d’Spiller duerch spannend Entscheedunge leet. D'Sophie Kucharzyk stellt eis d'Spill vir.
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Level upBy radio 100,7