Klassik Aktuell

Update zum Taux d'Abandons vu Musekschüler


Listen Later

De Claude Schlim, Sous-Direkter vum Escher Conservatoire, huet dem 100,7 d'Statistike vu sengem Gebai matgedeelt. Den Taux d'Abandons ass schonn zënter dem Schouljoer 2018/19 geklommen, also virun der Aféierung vun deem Gesetz, dat gratis Coursen erméiglecht. De Claude Schlim huet och Hannergrondinformatiounen zum Fonctionement vum Finanzéierungssystem ginn, déi erklären, wéi et zu Onkäschte ka kommen, wa Schüler:innen wärend dem Schouljoer e Cours ofbriechen. Dat war nämlech ee vun de Kritikpunkten um Gesetz vum 27. Mee 2022 vum Jean-Paul Schaaf, Éischte Schäffe vun Ettelbréck. Den Ettelbrécker Conservatoire géing den Taux d'Abandons nämlech ronn eng hallef Millioun Euro kaschten.
D'Artikele mat méi Detailer an den Zuele vum Escher Conservatoire a vun der UGDA-Museksschoul fannt Dir op www.opus.radio.
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Klassik AktuellBy radio 100,7