Ee Grond - wann net den Haaptgrond fir de Krich, deen Israel mam Iran féiert - ass d’Atombomm, un där den Iran intensiv geschafft huet. Wéi et schéngt war d'Land virun den Attacken och ganz wäit an der Entwécklung vun där Waff. Fir atomar Sprengkäpp kënnen ze bauen, brauch een Uran, deen awer muss ugeräichert ginn. Wat dat bedeit a wéi dat geet, erkläert de Guillaume Trap vun der Fondation Jeunes Scientifiques.