Am 100,7-Interview reagéiert den Affekot vum fréiere President vun der Bréifdréieschgewerkschaft FSFL, de Me Jean-Paul Noesen, op den Arrêt vun der Cour de Cassation vum 27. November 2025.
“Ech sinn natierlech frou doriwwer, dat war e Kampf, dee fënnef Joer gedauert huet, an dee fir mäi Client gutt ausgaangen ass”, esou den Affekot vum Jos Nickts. Gefore fir d’Pressefräiheet gesäit de Me Jean-Paul Noesen “absolutt keng”. Den Affekot schléisst awer net aus, datt hie “frëndlech Bréiwer” u Medie schreift, déi den Numm an d’Biller vum Jos Nickts nach diffuséieren.
D’Cour de Cassation hat d’Entscheedung vun der Cour d’Appel vun Dezember 2024 bestätegt, datt d’RTL-Medien den Numm an d’Biller vum Jos Nickts net méi däerfen diffuséieren.