Wéi geet et elo weider fir d’Marine Le Pen an den RN a wat bedeit d’Urteel fir déi franséisch Politik? Dat ass d’Fro, nodeems d’Leaderin vum rietsextreemen RN gëschter zu Paräis wéinst Verontreiung vun ëffentleche Sue vun engem Geriicht schëlleg gesprach gouf. D’Strofmooss gesäit niewent 2 Joer Prisong, déi awer duerch eng elektronesch Foussfessel kéinten ersat ginn, an enger Geldstrof vun 100.000 Euro, och vir, datt d’Marine Le Pen sech 5 Joer laang fir keng Wal dierf opstellen. Dës Spär gëllt och schonn elo direkt an net eréischt no enger zweeter Instanz, wat et onwarscheinlech mécht, datt d’Marine Le Pen an 2 Joer bei der Presidentielle kéint untrieden.