Moiesstudio

USA oder EU: wien hëlleft der Ukrain méi?


Listen Later

D’USA hunn der Ukrain vill méi gehollef wéi anerer: Dat huet den US-President Donald Trump an der Lescht méi wéi eng Kéier behaapt. “Mir hunn iwwer 300 Milliarden Dollar ausginn, Europa nëmme ronn 100 Milliarden”, dat wier eng grouss Differenz”, sot hien zum Beispill am Februar, wéi de franséische President Emmanuel Macron bei him zu Washington op Besuch war. Hie sot och, datt déi europäesch Hëllef am Contraire zu där amerikanescher haaptsächlech aus Prête bestoe géif, déi duerno missten zeréckbezuelt ginn. Dat sinn alles Aussoen, déi dono jäizen, hannerfrot ze ginn. De Radiosreseau Euranet Plus, bei deem och de radio 100,7 Member ass, huet dofir och e Faktencheck gemaach, dee vun enger Journalistin koordinéiert gouf, déi zu Lëtzebuerg opgewuess ass an elo zu Paräis lieft: der Nina Lamparski.
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

MoiesstudioBy radio 100,7