E puer Wierder iwwer Wierder

verspellegt


Listen Later

Dës Kéier geet et ëm e Wuert, dat am Dictionnaire als vereelzt markéiert ass a wat mat Leit ze dinn huet, déi gär vill erzielen. Donieft schwätze mir och iwwer Gospel.
S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis - wéi den Numm vun eiser Emissioun et verréit - "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon!
S: Haut schwätze mer iwwer e Wuert vun engem Nolauschterer, gell?
C: Ganz genee. No eise Fake-Wierder komme mer nees bei richteg Ausdréck! An ech muss direkt soen, ech hunn dat Wuert selwer net kannt …
S: Ech si schockéiert!
C: ... mee ELO kennen ech et. Expertis an der Sprooch heescht jo net, dass een ALLES weess, mee dass ee sech Wëssen uliest, sech fir Detailer begeeschtere kann a Spaass un der Recherche huet!
S: Ech menge schonn, dass du do richteg Spaass hues.
C: An ech hat elo Spaass mat deem Wuert, wat mer fir Wiwi proposéiert kruten: verspellegt. Kenns de dat?
S: ____
C: Ech hunn et selwer missen noschloen, sinn awer op schéi Weeër komm. Als éischt emol déi klassesch Etapp: den LOD. Do ass et als 'vereelzt' markéiert an déi Persoun, déi d'Wuert eraginn huet, war witzegerweis och total iwwerrascht, dass dat als 'vereelzt' gëllt, well si et ronderëm sech nach total vill héiert a benotzt. Ass ëmmer intressant, wéi staark de sozialen Afloss op eis allgemeng Virstellung vum Sproochgebrauch offierft. Mee dofir hu mer jo d'Sproochwëssenschaft, fir do mat Recherche an empirescher Fuerschung op de Grond ze goen! Also: verspellegt: Laut den LOD-Iwwersetzungen heescht et "überfordert, aufgeregt, gestresst" resp. "dépassé (par les événements), agité, stressé". D'Beispiller sinn: du wierks esou verspellegt, hues de vill ze dinn op der Aarbecht? duerch de Kaméidi waren d'Päerd esou verspellegt, datt se no alle Säite fortgelaf sinn.
S: Aaa, do si mer nees bei de Päerd!
C: Dat ass zwar effektiv Zoufall an dee Saz ass ouni mech an den LOD komm! Et erkennt een um Wuert 'verspellegt', dass do 'spell' dran ass, also Prefix VER-, Basis SPELL, Verbbildungssuffix -EG a Participe-passé-Endung -T, déi et zu engem Adjektiv mécht. Verspelligt fanne mer iwwregens och am Rheinischen WB an zwee Sënner "vielbeschäftigt, mit Arbeit überladen"
S: Dat entsprécht dem éischte Beispillsaz aus dem LOD, mat der Aarbecht.
C: Jo, an den zweete Sënn ass awer lo méi speziell: einen Gegenstand viel in Anspruch nehmen oder wann et zougestallt oder chaotesch ass: de has mir de ganzen Herd verspelligt, at Zemmer as ganz verspelligt mit allerhand Möbeln. D'Wuert 'spell' fënnt een och am MHD an do sinn ech no laanger Zäit, säit mengem Germanistik-Sudium mol nees an de Lexer siche gaangen, dat ass e mhd. Wierderbuch an do heescht 'spellen' einfach 'erzielen', och enk verbonne mam Substantiv "spël oder spëlles": märchen, fabel, lüge, leeres u. unnützes gerede. A "verspellegt" ass dann esou vill wéi "vercheckt" oder "villbeschäftegt" am Kapp. Wéi wann ee ganz vill Stëmmen op senger mentaler To-do-Lëscht huet, déi all eppes aneres erzielen an een doduerch duerchernee maachen. An dat kann een dann och iwwerdroen, dass Päerd, wann de Fluchtinstinkt gräift, och komplett duerchernee sinn an net méi kloer denke kënnen. D'Stëmmen am Kapp schwätzen dann all mateneen a mer si verspellegt.
S: An Englesch 'to spell'?
C: Lo gëtt et komplizéiert. Well dat ass eng aner Source, mee, an dat kann ee ganz flott am Merriam-Webster online noliesen, d'Substantiv 'a spell', also den Zaubersproch, dat ass déi selwecht Originn! Dat geet zréck op Germanesch 'spel' fir schwätzen, Geschichten erzielen, gossippen, e Virtrag oder eng Priedegt halen. An do war och eng super intressant Info am Text, anzwar komme mer elo bei d'Wuert 'gospel'.
S: Ass dat dee selwechte Spell?
C: Jo, well dat sech zesummesetzt aus 'go = good' a 'spel = Virtrag, Erzielung, Priedegt'. Do hält also een eng besonnesch gutt a flott Priedegt, an deem Fall mat Gesang!
S: A mat där Erzielung si mer och schonn um Enn fir haut! Mir soen der merci, Caroline, a mer hoffen, dass de net verspellegt bass!
C: Neenee, léiwer behellegt wéi verspellegt! Ech soen och merci an d'Schlusswuert ass: Äddi!
S: Mir soen der merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs.
C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

E puer Wierder iwwer WierderBy radio 100,7