
Sign up to save your podcasts
Or


E Kand ka séier denken an awer Saache vergiessen. Et ka vill Potenzial hunn an trotzdeem am Schoulalldag u seng Grenze kommen. Wat geschitt, wann Héichbegabung an ADHS (Aufmerksamkeitsdefizit- / Hyperaktivitätsstörung) zesummekommen?
An dëser Episod schwätze mir zesumme mam Miriam Hale vum CEJHP an dem Manuelle Schank vum CDA (Centre pour le développement des apprentissages) doriwwer, wéi sech déi zwee Profiller géigesäiteg maskéiere kënnen, firwat si heiansdo eréischt spéit erkannt ginn, firwat dat immens komplex ass a wéi mir Kanner mat dësem Profil an der Schoul besser ënnerstëtze kënnen.
Mir deele konkret Iddien an Adaptatioune fir de Klassesall – mam Zil, d’Bedierfnesser vum eenzele Kand ze erkennen a säi Wuelbefannen an de Mëttelpunkt ze stellen.
Méi Informatiounen an Iddie fir d'Klass:
Notiz: An dëser Episod benotze mir dacks de Begrëff "neurotypesch". Domat si Mënsche gemengt, deenen hir neurologesch Entwécklung a Veraarbechtung am Beräich vun deem läit, wat allgemeng als typesch ugesi gëtt. De Begrëff gëtt dacks am Zesummenhang mat Neurodivergenz benotzt, zum Beispill bei Autismus, ADHS oder Héichbegabung. Dobäi geet et ëm verschidden Aarte vu Fonctionnement, ouni Bewäertung oder Hierarchie.
Wat huet d'Motorik mat Héichbegabung ze dinn? Vill méi, wéi een op den éischte Bléck mengt. An dëser Episod vu Vill am Kapp schwätze mir mam Psychomotoriker Guillaume Rodrigues iwwert de spannende Lien tëscht Héichbegabung an der motorescher Entwécklung.
Mir erklären, wat motoresch Entwécklung iwwerhaapt bedeit a firwat munch Kanner mat engem heterogenen Héichbegabungsprofil och motoresch Schwieregkeeten kënnen hunn.
Ausserdeem geet et ëm déi éischt Signaler, op déi Elteren a Fachleit oppasse kënnen, an ëm konkret Recommandatiounen, wéi d'motoresch Entwécklung am Alldag an an der Schoul gezielt ënnerstëtzt ka ginn – vun einfache Beweegungsaktivitéiten iwwer kreativ Handaarbechte bis hin zu koordinative Spiller.
An dëser Episod schwätze mir doriwwer, firwat Héichbegabung net automatesch héich Schoulleeschtung bedeit. Vill héichbegaabte Kanner weisen net ëmmer dat, wat eigentlech an hinne stécht – heiansdo wéinst Langweil, Demotivatioun oder anere Facteuren aus hirem Ëmfeld.
Zesumme mam Laurence Di Letizia, Enseignante-ressource am CEJHP, kucke mir méi genee op dat Phänomen vum Underachievement. Mir erklären, wéi Facteuren ewéi Stress, Motivatioun, Selbstvertrauen oder d’Léierëmfeld d’Leeschtung beaflosse kënnen, wéi een éischt Warnzeechen erkennt a wéi d'Schoulen an d'Elteren d'Kanner gezielt ënnerstëtze kënnen.
Zum Schluss gëtt kloer: Leeschtung reflektéiert net automatesch Potenzial. Nolauschteren, Verstoen an individuell Ënnerstëtzung si wichteg Schrëtt, fir Kanner an hirer Entwécklung ze stäerken.
An dëser Episod schwätze mir iwwert d’Fro, wat Héichbegabung eigentlech bedeit – a firwat de Begrëff sou dacks falsch verstan gëtt. Eisen Invité Danielle Rod erkläert op verständlech Aart a Weis, wéi sech fachlech Definitioune vun den Alldaagsvirstellungen vun Elteren an Enseignanten ënnerscheeden. Mir klären heefeg Mythen a Froen, déi am Kontext Héichbegabung opkommen, a ginn Abléck an d’Praxis. Och d’Roll vun der Famill an der Schoul kënnt zur Sprooch, sou wéi konkret Beispiller aus dem Alldag. Zum Schluss huele mir mat: Héichbegabung ass vill méi wéi héich Leeschtung – a Versteesdemech ass de wichtegste Startpunkt.
From the publisher's feed