Haut um 9. Juli ass d'Reunioun, op déi d’Regierung d’Gewerkschaften an d’Patronat invitéiert huet. D’Invitatioun un d’Gewerkschaften ass virun engem décke Mount erausgaangen. Ob d’Gewerkschaftsfront aus OGBL an LCGB d’Invitatioun unhëlt, war awer laang net kloer. Schliisslech hate si Enn Mee an engem Schreiwes nach annoncéiert nëmmen nach an enger Tripartite ze diskutéieren. D’Fronte si jiddefalls verhäert. D’Morgane Weidig mat engem Réckbléck