E Samschdeg gouf et e volle Succès um Dag vun der Stammzellen-Aktioun. Ronn 1.400 Leit hunn an der Victor Hugo Hal participéiert. Fir d'Äiskonschtleeferin Caroline ass dat eng Chance, fir ee kompatibele Spender ze fannen an de Kampf géint Leukemie ze gewannen.