
Sign up to save your podcasts
Or


Wéi beaflosst een d'Mobilitéit um Gemengenniveau a wéi eng weider Erausfuerderunge bréngt de Wuesstum vun enger Gemeng mat sech? An dëser Episod hu mir vun den Infrastrukture wei z.B. Schoulen déi mussen ausgebaut gi bis zu den ënnerschiddleche Kulturen déi een doduerch an eng Gemeng kritt geschwat. Wéi ginn d'Simone vu Suessem an de Carlo vu Schëffleng domat ëm a wou gesi si hier Gemengen an 20 Joer?
D'Stad Esch an d'Gemeng Suessem sinn direkt Noperen an deele sech virun allem de Belval. Eng gutt Zesummenaarbecht ass do essenziell, a wéi dat am Alldag ausgesäit, doriwwer hunn ech an dëser Episod mam Christian Weis a mam Simone Asselborn-Bintz geschwat. D'Stolindustrie, hiren Dramberuff an d'Fraennimm op de Stroosseschëlder si just e puer vun de weideren Themen iwwert déi mir an enger ganz lockerer Ambiance virum Héichuewen um Belval diskutéiert hunn.
D'Stad Esch huet mat 38'000 Awunner 10 mol esou vill Awunner wéi d'Gemeng Rosport-Mompach, an awer sinn d'Ufuerderungen vun de Bierger jeeweils déi selwecht. Wat sinn d'Erausfuerderungen a wéi ënnerschiddlech sinn déi zwou Gemengen opgestallt? Doriwwer an iwwert vill weider interessant Theme schwätzen d'Stéphanie Weydert an de Christian Weis zu Rosport am Tudor Musée.
Vu Gemeng zu Gemeng ass e Podcast an dem mir zwee Buergermeeschteren zesummebréngen an iwwert hiren Alldag, hiert Engagement awer och hier Problemer a Challenge schwätzen. An dëser Episod huet d'Jill Goeres d'Stéphanie Weydert op Bech an d'Gemeng agelueden.
Vu Gemeng zu Gemeng ass e Podcast an dem mir zwee Buergermeeschteren zesummebréngen an iwwert hiren Alldag, hiert Engagement awer och hier Problemer a Challenge schwätzen. An dëser Episod huet de Fréd Ternes d'Jill Goeres op Nidderaanwen agelueden.
Vu Gemeng zu Gemeng ass e Podcast an dem mir zwee Buergermeeschteren zesummebréngen an iwwert hiren Alldag, hiert Engagement awer och hier Problemer a Challenge schwätzen. An dëser Episod huet de Ben Ries de Fréd Ternes op Jonglënster agelueden.
Vu Gemeng zu Gemeng ass e Podcast an dem mir zwee Buergermeeschteren zesummebréngen an iwwert hiren Alldag, hiert Engagement awer och hier Problemer a Challenge schwätzen. An dëser Episod huet de Michel Gloden de Ben Ries op Schengen agelueden.
From the publisher's feed