Moiesstudio

Vullegripp bei Zuchvullen


Listen Later

De Virus vun der Vullegripp breet sech dësen Hierscht besonnesch séier a Westeuropa aus. Laanscht d’Strecke vun den Zuchvullen a besonnesch op hire Rouplazen am Norde vu Frankräich a vun Däitschland hu schonn Dausenden doudeg Villercher missten entsuergt ginn. Hei am Land goufen, de leschten Zuele vun der ALVA no, 18 Fäll vum Virus bei Reieren a Krukerte festgestallt. Et gëllen héich Precautiounsmoossname fir ze verhënneren, datt an der Gefligelzuucht Fäll optrieden.
Natur&Ëmwelt warnt, datt d’Infektiounszuele bei de wëlle Vullen nach däitlech kéinte klammen. D’Migratioun vun den Hoergänsen an de Süde wier nämlech nach net op hirem Héichpunkt fir dëst Joer ukomm. De Jim Schmitz vun Natur&Ëmwelt gëtt Explikatiounen.
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

MoiesstudioBy radio 100,7