Hautzedaags ass de Georges Sadeler als Saxofonist a Komponist täteg. Am Alter vun nëmmen 18 Joer war hie scho feste Member vun der Militärmusek, an dat obwuel hien als Kand net wierklech iwwer esou ee Liewenswee nogeduecht huet. Datt hie Komponist wéilt sinn, huet hien eigentlech eréischt duerch d’Ecrituresfächer am Conservatoire entdeckt, wéi hien an dësem Extrait verréit.