Wësst dir wéivill Offall dir esou am Alldag produzéiert? Eurostat no waren dat hei am Land 712 Kilo pro Persoun am Joer 2023, ganzer 200 Kilo méi wéi den EU-Duerchschnëtt. Dat kléngt no vill – an ass awer just d’Spëtzt vum Äisbierg. Well, elleng nëmme fir eng Zännbiischt vun 30g ze produzéieren, déi no e puer Wochen nees an der Poubelle lant, fale wärend der Produktioun bal 1,5 Kilo u verstopptem Offall un. Wat ass d’Léisung? Einfach keen Offall produzéieren. De Jérémie Pichon a seng Famill hunn et virgemaach a versichen zanter 10 Joer och anerer vun hirem Wee ze iwwerzeegen.