D'Lëtzebuerger Bëscher stinn ënner Drock. Am drëtten Inventaire vun de Bëscher stellt d'Natur- a Bëschverwaltung ANF ënner anerem fest, datt just nach 20 Prozent vun de Beem zu Lëtzebuerg gesond sinn. Am Verglach zum éischten Inventaire aus dem Joer 2000 wiisst de Bësch och manner séier, mee et gëtt awer dräimol esou vill ganz héich Beem. An deem Inventaire gëtt den Zoustand bis an de klengsten Detail erhuewen, mee wéi ass dat méiglech? Bei der Presentatioun vum Inventaire huet d'ANF och demonstréiert, wéi dee gemaach gëtt. D'Morgane Weidig war sech dat ukucken.