D’Unioun vun CDU an CSU huet d’Bundestagswal an Däitschland gewonnen. Déi grouss Euphorie huet um Walowend bei de Supportere vun der Unioun awer net geherrscht. Well dat grousst Zil vun der Unioun - 30 Prozent vun de Wielerstëmmen ze kréien - gouf net erreecht. An och d’Regierungsbildung wäert net esou einfach si wéi gehofft. Datt dann och nach géint d’Partei demonstréiert gouf, huet d’Stëmmung net gehuewen.